LIEWENSQUALITÉIT
LIEWENSQUALITÉIT

@Sabino Parente
- Laut Statista ass Lëtzebuerg Nummer 1 a Saache Liewensqualitéit
- Laut dem Quality of Life Index vun Numbeo ass de Groussherzogtum op der 1. Plaz a Saache Liewensqualitéit (2025)
- Laut Eurostat ass Lëtzebuerg dat internationalst Land an Europa (2022), a laut U.S. News ass Lëtzebuerg dat 5. internationaalst Land op der Welt (2023)
- Laut dem World Expat Index vu William Russell ass Lëtzebuerg op der 16. Plaz vun de beschte Länner fir am Ausland ze liewen
- Laut dem MERCER Quality of Living Index, deen d’Liewensqualitéit fir Expatriéierten weltwäit moosst, ass de Grand-Duché op der 17. Plaz vun 231 (2024)
- Laut dem CEOWORLD Magazine ass Lëtzebuerg op der 13. Plaz vun de beschte Länner fir eng Famill ze grënnen, laut UNICEF (2016) an dem Family Relocation Report vu William-Russell (2020) ass d’Land souguer op der 9. Plaz
- Laut dem Global 150 Cities Index ass d’Stad Lëtzebuerg op der 3. Plaz vun 150 Stied a Saache Kombinatioun vun héije Léin, niddrege Steieren, raisonnabele Käschten an enger gudder Liewensqualitéit (2025)
- Laut dem World Happiness Report ass Lëtzebuerg op der 8. Plaz vun de glécklechste Länner op der Welt (2023)
- Laut Times Higher Education ass d’Universitéit Lëtzebuerg op der 4. Plaz weltwäit fir hir international Perspektiven, op der 25. Plaz am Young University Ranking 2022 an ënnert de 250 beschten Universitéiten op der Welt