NOHALTEGKEET
NOHALTEGKEET

- Laut dem Eco-Innovation Scoreboard, deen d’Eco-Innovatioun moosst, dat heescht d’Reduktioun vun der Notzung vun natierleche Ressourcen an d’Reduktioun vum Ausstouss vu schiedleche Substanze wärend dem ganze Liewenszyklus, ass d’Land op der 4. Plaz vu 27 analyséierte Länner (2024)
- Laut dem Environmental Performance Index ass Lëtzebuerg op der 6. Plaz vun 180 a Saachen Ëmweltleeschtungen
- Laut dem Global Green Finance Index ass Lëtzebuerg op der 6. Plaz weltwäit an op der 4. Plaz an Europa a Saache grénge Finanzen
- Laut dem Yale Environmental Performance Index ass de Grand-Duchédat 2. gréngst Land op der Welt a Saachen Ëmweltleeschtungen. D’Land ass op der 1. Plaz fir d’Vitalitéit vu sengen Ökosystemer an op der 10. Plaz fir seng Aktioune géint de Klimawandel
- Laut dem Climate Change Performance Index 2025 ass Lëtzebuerg op der 13. Plaz vu 64
- Laut der OECD ass Lëtzebuerg op der 2. Plaz a Saachen ëffentlecher Entwécklungshëllef, andeems et 0,99% vu sengem nationale Räichtum un d’Aide publique au développement widmet