WIRTSCHAFT A FINANZEN
WIRTSCHAFT A FINANZEN

- Laut Eurostat ass Lëtzebuerg Nummer 1 a Saache PIB pro Kapp an Europa, a laut dem World Happiness Report ass d’Land souguer op der 1. Plaz weltwäit (2023)
- Laut dem Legatum Prosperity Index ass Lëtzebuerg dat 7. räichste Land op der Welt (2023), a laut dem HelloSafe Prosperity Index ass d’Land op der 1. Plaz (2024)
- Laut dem ICC – Open Market Index ass Lëtzebuerg dat 3. offenste Land fir den internationalen Handel (2017)
- Laut dem “Best Countries for Business” Index vu FORBES ass Lëtzebuerg op der 23. Plaz vun 161 Länner, déi am meeschte geschäftsfrëndlech sinn (2018)
- Laut dem Global Tax Competitiveness Index vun der Tax Foundation ass d’Land op der 6. Plaz a Saachen international Steierkompetitivitéit
- Laut dem Global Soft Power Index 2024 vu Brand Finance, eng Etude déi d’Influenzkraaft vun de Länner moosst an hir Konsequenze fir d’Decideuren an d’Marken, ass Lëtzebuerg op der 30. Plaz
- Den European Cities and Regions of the Future vu fDi Intelligence, deen d’Attraktivitéit vun europäesche Stied a Regioune fir auslännesch Investisseure moosst, klasséiert d’Lëtzebuerg-Stad op der 1. Plaz an der Kategorie “kleng Stied” (2024)
- Laut dem Logistics Performance Index vun der Weltbank ass Lëtzebuerg op der 26. Plaz vun 138 a Saache Fäegkeet fir den internationale Floss vu Wuere séier a zouverlässeg ze garantéieren