Emoxien
Dës Emojie ginn „EmoXie“ genannt. Et ass eng Allusioun op den „X“ vun der Signatur vu Lëtzebuerg. Si bidden Iech d’Méiglechkeet fir Äre Messagen e „lëtzebuergeschen“ Touch ze ginn. Gruppéiert a verschidde Kategorien (Ausdréck, Emotiounen, Tourismus, asw.), stellen d’EmoXien eng éischt Selektioun vun emblemateschen Illustratiounen vu Lëtzebuerg duer. Hir Notzung beschränkt sech net op den Telekommunikatiounsberäich, mee si kann och op den audiovisuelle Beräich, de Beräich vun Objeten a villen anere Beräicher ëmgesat ginn.
Esoulaang Dir d’EmoXien net ännert an Dir benotzt d’EmoXien net fir kommerziell Zwecker, kënnt Dir se fräi benotzen, wéi Dir wëllt!
Wann Dir e Virschlag fir e neien EmoXie hutt, kënnt Dir Äre Konzept mat engem éischten Entworf vum Visuel op dës Adress aschécken. E gëtt da vun eisem Team evaluéiert, an am Fall vun enger favorabeler Entscheedung kann Ären Entworf geännert gi fir visuell Konsistenz mat den EmoXien, déi et scho gëtt, ze garantéieren.
Luet d’App erof :