Visuellen Universum

Spill "Fakelzuch"

Spill “Fakelzuch”

Entdeckt dat neit Videospill « Fakelzuch » !

Dat interaktiivt 3D Videospill « Fakelzuch »  kann elo am App Store an op Google Play erofgeluede ginn!

De Fakelzuch ass eng lëtzebuergesch Traditioun, wou ee Cortège, deen aus verschidden nationalen a lokale Veräiner, Brass Bands an aner Gruppe besteet, um Virowend vun Nationalfeierdag  duerch Lëtzebuerger Haaptstad zitt.

Dës Traditioun gëtt et elo an engem digitale Format a riicht sech un ee Publikum vun allen Altersklassen.

D’Zil? Féiert de klenge Fuuss, “Reeni”, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Regiounen, mam Zil seng Fakel un ze behalen bis hien an d’Stad ukënnt fir d’Freedefeier unzefänken!

Dëst Spill gëtt no a no fir verschidden zukünfteg Uläss weiderentwéckelt, soudass et een participativt an nohaltegt Instrument ass.

Probéiert och Äert Gléck!

Lued elo de « Fakelzuch » am App Store oder op Google Play erof.

Fackelzuch FR